Tripartite

Schwiereg Gespréicher: Mindestloun bleift gréisst Differenz tëschent de Sozialpartner

Um zweeten Dag vun den Tripartiteverhandlungen haut hätt et weider Diskussiounen iwwer de Mindestloun ginn, esou de Premier Luc Frieden no der Reunioun. D’Positiounen tëschent de Gewerkschaften aus dem Privatsecteur an dem Patronat beieneen ze brénge wier schwiereg.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

Trotz deels komplett ënnerschiddleche Perspektive wier jidderee gewëllt no Léisungen ze sichen. Dat wier awer net einfach, esou de Premier Luc Frieden no der Reunioun.

"Mir hu festgestallt, datt et schwiereg ass do déi zwee Enner beieneen ze bréngen."

Als Regierung kéim een de Moien zesummen, fir gemeinsam Léisungen op den Dësch ze leeën.

"Déi souwuel der Kafkraaft vun de Leit mat klenge Revenue géifen, wéi och d'Betriber net ze belaaschten duerch eng Augmentatioun vum Mindestloun, déi iwwer dat erausgeet, wat d'Regierung schonn op den Dësch geluecht huet. Dat ass ganz schwiereg."

Haut de Moie wéilten d’Ministere sech doriwwer nei beroden, fir dann haut de Mëtteg, um drëtten Dag vun de Verhandlungen, eventuell nei Propose kënnen op den Dësch ze leeën.

CGFP fuerdert Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun

D’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur wollte sech op Nofro hi gëschter no der Reunioun net méi dozou äusseren. OGBL an LCGB fuerdere jo eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun.

Och beim Sujet Logement géifen d’Verhandlungen nach daueren, esou nach de Luc Frieden. D’Staatsbeamtegewerkschaft hätt hei hir Fuerderungen nach eemol däitlech gemaach, esou den CGFP-President Romain Wolff.

"D'Inflatioun bekämpfen, dat ass ee vun deene wichtege Punkten, déi mir jo och gefuerdert hunn. Mir hunn nach eng Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun gefrot, och Steierkreditter an natierlech och Hëllefe fir d'Leit. Doru gëtt am Moment geschafft, duerfir keng Detailer dozou."

De President vun der Landwirtschaftskammer huet d’Avancementer an de Verhandlunge begréisst an och vu konstruktive Gespréicher geschwat – et géif an déi “richteg Richtung goen”, esou de Christian Hahn.

"Ech mengen als Landwirtschaft si mir houfreg drop an och frou, no 14 Joer Abstinenz an der Tripartite mat derbäi ze sinn."

Nodeems den UEL-President Michel Reckinger sech éischter oppe fir een Deelaccord gewisen hat, huet de Premier Luc Frieden gëschter ze verstoe ginn, datt ee weider op ee "konstruktive Kompromëss" tëschent alle Sozialpartner hischaffe géif.

Haut de Mëtteg geet et weider mat de Gespréicher. De Premier huet och ugekënnegt, datt ee sech och nächste Méindeg an der Dräierronn wäert gesinn an an Aussiicht gestallt, datt d'nächst Woch och nach weider zwee Deeg provisoresch reservéiert si fir eventuell mat de Gespréicher weiderzefueren. 

Lauschterenplay_arrow