Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  John Williams - When You're Alone, aus 'Hook' (Film) - The City of Prague Philharmonic, Nic Raine (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Südsudan: 60.000 Persoune riskéieren den Accès zu medezinescher Versuergung ze verléieren

Wéinst dem Caritas-Finanzbedruch

Südsudan: 60.000 Persoune riskéieren den Accès zu medezinescher Versuergung ze verléieren

Zënter e puer Deeg ass et offiziell: Weder de Bistum nach déi nei asbl “Hëllef um Terrain” féieren déi international Projete weider, déi d’Caritas Lëtzebuerg aktuell a ronn 12 Länner huet. Ee groussen Deel vun de Projete gëtt wuel och net vun aneren Träger iwwerholl.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Laura Floze koordinéiert d'Projete vu Caritas-Lëtzebuerg am Süd-Sudan. (Foto: Caritas)

Wéi ee Schued duerch de Finanzbedruch entstanen ass, gëtt elo lues a lues kloer.

Bis elo si ganz wéineg Detailer iwwer d’Konsequenze vun der Caritas-Affär am Ausland bekannt, well de Caritas-Krise-Comité, de Bistum an d‘Regierung an dësem Dossier generell ganz wéineg kommunizéieren. Eng aner Erklärung ass, datt ganz laang onkloer war, wéi dës Geschicht genee géif ausgoen. A laang krut de radio 100,7 och iwwer inoffiziell Kanäl keng ganz concluant Äntwerten.

Réischt Enn August koum de radio 100,7 op eemol u ganz konkret Informatiounen, datt elo entscheet wier, datt wuel e Gros vun den internationalen Aktivitéite misst gestoppt ginn. Mir hunn och gemellt, datt et kéint dorop eraus lafen. Mee nach gouf et keng offiziell Confirmatioun. Déi koum dunn Enn leschter Woch. A réischt elo krut och d’Ekipp, déi dës Projete koordinéiert gréng Luucht fir mat eis ze schwätzen.

De Chef vun där Ekipp, de Michael Feidt, war eisen Invité vum Dag.

Mir hunn och mat der Laura Floze geschwat, déi an der Ekipp vum Michael Feit schafft. Si koordinéiert d’Presenz vu Caritas Lëtzebuerg am Südsudan – eent vun den äermste Länner op der Welt.

"Caritas Luxembourg est présente au Soudan du Sud depuis 2012. Et on a ouvert un bureau en 2018. Et actuellement, il y a 55 employés. Donc 55 collègues. On met en place un grand programme avec une dizaine de projets qui vont de projets de développement à des projets d’urgence."

Zu deene Projete gehéieren d’Bedreiwe vun engem Pëtz fir Drénkwaasser. 8.000 Baueren a 15 Cooperativë ginn ënnerstëtzt fir d’landwirtschaftlech Produktioun an der Regioun ze stäerken. Dausende Fraen a Kanner gi suivéiert fir Ënnerernierung ze evitéieren.

An d’Caritas ënnerstëtzt 3 Klinicke finanziell, déi vun der lokaler Caritas bedriwwe ginn, 65 Leit hunn hei fir 60.000 Persounen am Südsudan geschafft.

Wat geschitt elo mat all deenen Aktivitéiten?

D’Laura Floze erkläert, datt si direkt wéi de Finanzbedruch opgeflunn ass – also Mëtt Juli – gemierkt huet, datt keng Sue méi do wiere fir weider ze fueren. D’Aktivitéite goufen also direkt deen Ament all gestoppt, ausser déi vun den 3 Spideeler. Et ass versicht ginn aner Organisatiounen aus dem Caritas-Reseau ze mobiliséiere fir auszehëllefen.

Et hätt ee mat anere Caritas-Entitéite Sue gesammelt fir d‘Klinicken nach 6 Méint bis Januar 2025 bedreiwen ze kënnen. Fir de Recht vun de Programmer hätt een nach keng Léisunge fonnt.

Ob déi 3 Klinicken no Januar weider kënne bedriwwe ginn, wier onsécher, esou d’Laura Floze.

Vill Froe sinn nach net gekläert

Mee dorop ka si selwer och keen Afloss méi huelen: Der Laura Floze hir Aufgab ass elo fir de Caritas-Büro am Südsudan ofzewéckelen an da verléiert si selwer och hir Aarbecht.

52 vun de 55 Caritas-Mataarbechter:innen op der Plaz si Südsudanesen a fir si kéint et ganz schwéier gi fir an där Géigend een aneren Job ze fannen, seet d’Laura Floze. En plus kréie si kee Chômage. Een anere Problem ass, datt si Mol net hire leschte Salaire ausbezuelt kruten. Och hir Cotisatioun fir d’Pensioun hat d’Caritas hei zu Lëtzebuerg op hire Bankkonte leien, well et kee Pensiounssystem am Südsudan gëtt.

Dat si Suen, déi hir Aarbechtskolleegen am Südsudan, legal ze gutt hunn. Et géif een elo nach eng lescht Méiglechkeet probéieren, bis Enn dëser Woch misst een do eng Äntwert kréien, seet d’Laura Floze.

"Nos espoirs honnêtement s’amoindrissent. Mais on va tout faire pour pouvoir envoyer cet argent."

Am Ganze geet et ëm 300.000 Euro, déi u Salairen a Renten nach net ausbezuelt goufen. Mee déi goufen eben och vun der Caritas-Finanzdirektesch a Spuenien iwwerwisen.

Zesumme mat dann nach iwwer 60 Milliounen Euro, ee Bedruch dee wuel d’Enn vun der Caritas Lëtzebuerg hirer Entwécklungsaarbecht bedeit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
International