Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Carl Davis - The Wedding March Suite, II. Ave Maria - The City of Prague Philharmonic, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Tëschent Lëtzebuerg a Belsch soll d'Eisebunnverbindung verbessert ginn

Mobilitéit

Tëschent Lëtzebuerg a Belsch soll d'Eisebunnverbindung verbessert ginn

D‘Eisebunnsverbindungen tëschent Lëtzebuerg an der Belsch sollen ausgebaut a verbessert ginn. Eng lettre d‘intention an dem Sënn gouf elo tëscht de Mobilitéitsministere vu béide Länner ënnerschriwwen.

auto_stories

1 min

Schinnen | © Unsplash / Tim Wildsmith
Foto: Unsplash / Tim Wildsmith

Fir d'Moderniséierung vun der Streck tëscht Lëtzebuerg a Gemblouxwëlle béid Säiten op europäeschem Niveau intervenéieren. D‘Aarbechte kéinten da schonn 2029 amplaz 2031 ofgeschloss sinn. Vun Dezember 2026 u sollen dräi zousätzlech Schnellzich pro Dag tëscht Lëtzebuerg a Bréissel fueren, vun Dezember 2024 u soll den Zuch vu Lëtzebuerg op Arel weider bis op Libramont verlängert ginn. Mëttelfristeg sollen duerch den Ausbau vun der Streck op Bréisseler Säit 20 Minutten un Trajet tëscht Lëtzebuerg a Bréissel agespuert ginn.