Tripartite

Neie Virschlag: Regierung probéiert Kompromëss beim Mindestloun ze fannen

An der Tripartite probéiert d’Regierung zënter dräi Auer mat de Gewerkschaften e Kompromëss iwwert d’Héicht vum Mindestloun ze fannen. 100,7-Informatiounen no wëll d’Regierung eng Hausse vum Steierkreditt fir Mindestlounbezéier proposéieren, déi iwwert dat erausgeet wat se gëscht proposéiert huet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
(Foto: SIP / Julien Warnand)

Ob dat de Gewerkschaften duergeet, bleift ofzewaarden.

De Premier Luc Frieden huet bei senger Arrivée am Schlass zu Senneng d’Méiglechkeet confirméiert, datt den Nettorevenu vun de Mindestlounbezéier iwwer d’Steiere vergréissert gëtt. Detailer huet hien net genannt. Et wier weider schwiereg, eng Léisung ze fannen, déi alle Säite gerecht gëtt. 

Virstellung fir d'Gewerkschaftsunioun bleift déi nämmlecht

Den LCGB-President Patrick Dury huet virum Optakt vum drëtte Verhandlungsdag kloer gemaach wat d’Gewerkschafte sech beim Mindestloun virstellen.

"Dir wësst, dass mir eng strukturell Opbesserung an engem gewëssene Montant gefrot hunn. Mir hunn ni gesot, dass dat an enger Kéier muss gemaach ginn. Mir haten do vun 300 Euro geschwat. Et gi verschidde Weeër, dat wësst Der och."

D’Gewerkschafte wieren och kompromëssbereet, esou de Patrick Dury weider.

De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) | © Pit Beffort
De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) (Foto: Pit Beffort)

Patronat kloer géint eng strukturell Erhéijung

Eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun kënnt fir de Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL, awer net a Fro. Schonn d’Erhéijung ëm 3,8 Prozent déi d’Regierung op den 1. Januar nächst Joer decidéiert huet wier eng Belaaschtung fir d’Betriber. 

"Dat doten ass schonn iwwert dat eraus, wat drobar ass. An dofir hu mer gesot, datt et kann net méi opgemaach ginn."

De Michel Reckinger huet och nach eng Kéier betount, datt ee keng Zäit dierft verléieren, well ee soss riskéiert nach méi Problemer duerch d’Präisdeierecht ze kréien.

Den CSV-Premier Luc Frieden muss deemno kucken eng Léisung ze fannen déi béid Säiten zefriddestëmmt.

"Déi zwou Säiten hunn natierlech en Argument. An duerfir kucke mer, wat ee le cas échéant ka maachen, fir deenen zwou Saache gerecht ze ginn. Eventuell iwwert de Steierwee, mee och dat ass net esou einfach, well dat huet alles e Käschtepunkt."

Den UEL-President Michel Reckinger | © Pit Beffort
Den UEL-President Michel Reckinger (Foto: Pit Beffort)

Mesurepak vun e puer honnert Milliounen Euro soll um Dësch leien

Wéinst dem Impakt vum Krich am Noen Osten op d’Inflatioun ass zu Lëtzebuerg eng Tripartite tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat aberuff ginn. De Méindeg ass nach e ganze Verhandlungsdag ugesat. 

Gutt informéierte Sourcen no läit bis elo e Mesurepak um Dësch mat engem staatleche Käschtepunkt vun e puer honnert Milliounen Euro d’Joer. Dorënner si Steiermesuren an zäitlech limitéiert Präissubventiounen am Energie- a Klimaberäich. Eent vun den Ziler ass, datt déi nächst Indextranche duerch verschidde Präissubventiounen no hanne réckelt.  

Lauschterenplay_arrow