Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Coldplay (arr. Marco Netzband) - Viva la Vida, aus 'Suits' - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Upassung vun der Tarifstruktur: Impakt op Verbraucher:innen ass ganz individuell

ILR

Upassung vun der Tarifstruktur: Impakt op Verbraucher:innen ass ganz individuell

Den Institut de Regulatioun huet um Donneschdegmoien déi nei Tarifstruktur fir d’Stroumnetz presentéiert, déi vum 1. Januar un applizéiert gëtt. Ufank der Woch hat den ILR scho bei eis op der Antenn éischt Detailer verroden. De Verbraucher soll incitéiert ginn, säi Stroum méi verdeelt iwwert den Dag ze notzen an op deem Wee d’Stroumnetz ze entlaaschten.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

Wéi staark d’Netzer musse gebaut ginn, géing nämlech vun der Leeschtung bestëmmt ginn, an net vum Stroumverbrauch, esou d’Erklärunge Chef vum Service Energie vum IRL, Claude Hornick.

"Dofir wëlle mir an der neier Netztarifstruktur der Leeschtung och méi eng grouss Importenz ginn an iwwert dee Wee méi eng gerecht Verdeelung vun de Netzkäschten ënnert de Verbraucher kréien."

Konkret sollen d’Verbraucher vum neie Joer un dat bezuelen, wat se och u Käschten am Stroumréseau verursaachen.

Auerzäite spille keng Roll

Gelénge soll dat duerch verschidde Kategorien, baséierend op enger Referenzleeschtung, déi all Verbraucher zougedeelt kritt. Wien zu engem gewëssene Moment am Dag vill Stroum braucht an domat seng Referenzleeschtung iwwerschreit, muss ee Supplement bezuelen. D’Dageszäit spillt dobäi keng Roll.

"Et gëtt effektiv fir all Stonn gekuckt, wéi héich ass den Depassement oder an een Depassement do. Wann een do ass, wéi héich ass en? An da gëtt dee fakturéiert. Mee ob deen Depassement owes um 7 ass oder moies um 4, dat spillt keng Roll."

Och haut konnt den ILR awer nach net soen, wéi vill dat fir den eenzele Consommateur ausmécht.

"Nee, dat ass elo e bëssen individuell. Dat hänkt vum individuelle Verbrauchsverhale vun den eenzelne Verbraucher of. Mir wäerten 2025 elo 60 Prozent vun den Netzkäschten iwwert d'Redevance volumétrique ëmleeën, an déi aner 40 Prozent iwwert déi zwou aner Redevancen, also déi fixe Redevance an den Depassement-Fee."

De Claude Hornick vun der Reguléierungs-Autoritéit huet nach preziséiert, datt keng direkt Aktioun vum Konsument erfuerdert ass. E kéint awer och haut schonn duerch säi Verhalen ee verantwortlecht Notze vum Stroumnetz weisen, andeems en net ze vill elektresch Apparater gläichzäiteg notzt a säi Verbrauch méi iwwert den Dag verdeelt. Weider Informatiounen zu der neier Tarifstruktur vun de Stroumnetzkäschte ginn et op myilr.lu. 

Ministeren Delles a Margue ginn Äntferten

Der Regierung no wäert déi nei Tarifstruktur bei de Stroum-Netzkäschten e limitéierten Impakt op d'Präisser hunn. Eng Majoritéit vun de Konsumente géif souguer manner bezuelen, äntweren d'Ministere Lex Delles an Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng.

Déi nei Tarifstruktur kéint dozou bäidroen, datt d'Netz méi effizient genotzt gëtt an dat géif laangfristeg zu manner Netzkäschte féieren. D'Regierung géif an Zukunft bereet stoe fir d'Clienten ze guidéiere fir hir Stroumrechnung ze optimiséieren. Och géif d'Regierung iwwer zousätzlech Mesuren nodenken, déi de Leit hëllefe géifen, wéi d'Promotioun vu Stroumbatterien an intelligente Stroum-Management-Systemer. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft