Klima

Waasserpeegel vun der Musel bei 2,20 Meter agependelt – Impakt bleift limitéiert

Zu Stadbriedemes hätt sech de Waasserstand bei ronn 2,20 Meter stabiliséiert. Well en zäitweis awer nach méi niddreg war, gouf déi garantéiert Déift vun der "Navigatiounsrinne" provisoresch vun 3 Meter op 2,80 Meter reduzéiert.

auto_stories

1 min

© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

Fir Waasser ze spuere ginn ënner anerem Fräizäit-Booter net méi separat duerch d'Schleise gelooss. Fir de Lëtzebuerger Hafe vu Mäertert bleift den Impakt dem Ministère no bis elo limitéiert. Wuere kéinten am Noutfall iwwer d‘Stroossen oder d'Strooss transportéiert ginn.

Schëffer, déi vum Rhäin kommen oder dohinner fueren, kënnen den Ament nëmmen zu ronn 50 Prozent beluede ginn.

Klimawandel wäert d'Situatioun laangfristeg verschäerfen 

D'Dréchent an déi niddreg Waasserstänn hunn een direkten Impakt op de Schëffsverkéier. Laangfristeg kéint de Klimawandel d'Situatioun nach verschäerfen.

Etüde fir de Rhäin weisen, datt Restriktioune wéinst niddrege Waasserstänn géint Enn vum Joerhonnert an der Moyenne méi wéi zwee Méint d'Joer kéinte virkommen.

Dës Informatioune ginn aus enger Äntwert vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.