Bis haut ass net gekläert, ob de Richard Strauss gröössewansinneg war, oder ob hie seng Wéinegkeet selwer op d'Schëpp wollt huelen. Kloer ass op jidde Fall, datt deen Däitsche Spéitromantiker sech selwer a senger sinfonescher Dichtung "Ein Heldenleben" zitéiert. An dësem Live-Matschnëtt léisst de WDR Sinfonieorchester dësen zweedeitegen Heldekult zesumme mat der Dirigentin Eva Ollikainen opliewen.
Programm:
Richard Strauss (1864-1949): Ein Heldenleben, op.40
Interpreten:
WDR Sinfonieorchester
Eva Ollikainen, Direktioun
Dëse Concert gouf den 20. November 2025 an der Kölner Philharmonie opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis de 14. Mee 2026.