Dem Schubert seng Pianosmusek, dat mannst dovunner huet d'Concertssäll eruewert, dorënner d'"Wandererfantasie" an och seng monumental 3 Pianosstécker, déi hien eréischt 6 Méint viru sengem Doud fäerdeg gemaach huet. Béides spillt de gefeierte Lëtzebuerger Komponist Jean Muller op dem Klenge Maarnicher Festival (DKMF).
Programm:
Franz Schubert
Sonat a Fa Mineur, D 625
Sonat a La Majeur, D 664
3 Pianosstécker, D 946
Fantaisie an Do Majeur, Op. 15 D 760 „Wandererfantasie“
Interpreten:
Jean Muller (Piano)