De Remy Franck presentéiert e Concert mam griichesche Geiist Leonidas Kavakos, dee mam koreanesche Radiosorchester ënner der Leedung vum Myung-Whun Chung dem Tschaikowski säi Geieconcerto spillt. Dono dirigéiert den Chung dann die 3. Sinfonie vum Ludwig van Beethoven, och "Eroica" genannt. Zum Ofschloss kënnt dem Rachmaninow seng Toundichtung "Die Insel der Toten" ënner der Leedung vum 90 Joer alen Eliahu Inbal. Dëst ass e Stéck, wat un der Konscht inspiréiert ass: et baséiert op der Molerei "Die Toteninsel" vum Arnold Böcklin.
Programm
Pjotr Tschaikowski (1840-1893): Concerto fir Gei an Orchester, Op. 35
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr.3, Op. 55 "Eroica"
Sergei Rachmaninow (1873-1943): Die Insel der Toten, Op. 29
Interpreten
Leonidas Kavakos (Gei)
KBS Symphony Orchestra
Myung-Whun Chun (Dir.)
Eliahu Inbal (Dir.)