De 26. März 2027 markéiert dem Ludwig van Beethoven säin 200. Doudesdag. Dofir spillt den hr-Sinfonieorchester ënner der Leedung vum Alain Altinoglu e Concert an der Aler Oper zu Frankfurt mam Fokus op de Beethoven. A wat däerf do natierlech net feelen? Säi wuel bekanntste Wierk, déi fënneft Sinfonie, mat de faméisen éischte véier Nouten déi wéi d’Schicksal un der Dier tocken.
Mee wat geschitt, wann dës Sinfonie op eemol e latäinamerikaneschen Twist kritt? Genau dat huet den argentinesche Komponist Esteban Benzecry nämlech gemaach. Als Kommissioun vum Hessesche Rundfunk huet hien e Wierk geschriwwen, an deem dem Beethoven seng bekannt Motiver op latäinamerikanesch musikalesch Aflëss treffen. Doraus entsteet "Lantinthoven V" - eng spannend Begéinung tëschent der Wiener Klassik a südamerikanesche Kläng.
Fir e weidere musikaleschen Héichpunkt suergt déi renomméiert Geiistin Julia Fischer. Si interpretéiert dem Henryk Wieniawski säin éischte Geieconcerto, ee vun den usprochsvollste Wierker aus dem ganze Geie-Repertoire.
Et ass e Concert tëschent bekannte Kläng an neie musikalesche Perspektiven; eng musikalesch Rees voller Kontraster an Iwwerraschungen.
Dëse Concert gouf den 18. September 2026 opgeholl an de Matschnëtt ass nach bis de 9. Dezember an eiser Mediathéik disponibel.
Programm:
Esteban Benzecry (1970): Latinthoven V
Henryk Wieniawski (1835-1880): Concerto fir Gei Nr.1 a Fa dièse Mineur, Op. 14
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr.5 an Do Mineur, Op. 67
Interpreten:
Julia Fischer (Gei)
hr-Sinfonieorchester
Alain Altinoglu (Dir.)