Spuenesch Musek, Flamenco, andalusesch Kläng – dat si wuel déi éischt Associatiounen, déi engem beim Numm Manuel de Falla an de Kapp kommen. Hie war ee vun de wichtegste spuenesche Komponiste vum 20. Joerhonnert.
Am Joer 2026 hätt de Manuel de Falla säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Dësem Jubiläum war och de Concert vum Orquesta Nacional de España gewidmet. Ënner der Leedung vum David Afkham huet den Orchester véier Wierker vum Komponist gespillt. De Concert gouf de 26. Abrëll 2026 am Auditorio Nacional zu Madrid opgeholl. Als Soliste waren de Pianist Bertrand Chamayou an d'Flamenco-Sängerin María Toledo dobäi.
Dës Opnam ass nach bis den 23. Dezember 2026 an eiser Mediathéik disponibel.
Programm:
Manuel de Falla (1876-1946):
- Fantasía bætica (Orchestratioun: Francisco Coll)
- Noches en los jardines de España
- Homenajes (Suite)
- El amor brujo (Ballet)
Interpreten:
Bertrand Chamayou (Piano)
María Toledo (Gesang)
Orquesta Nacional de España
David Afkham (Dir.)