De 26. September sinn et op den Dag 80 Joer hier, datt de Béla Bartók gestuerwen ass. Dofir ass de Choix vum opus-Häerzstéck dës Woch op e Wierk vum Bartok gefall. Et ass en eenzegaartegt d'Stéck wéinst senger Gattung: e Concerto fir Orchester (ouni Solist).
Wat bei deem Wierk nach erstaunt, ass dem Bartók seng Kraaft fir esou ee grousst Wierk ze schreiwen, trotz schwéierer Krankheet. Méi Detailer ginn et vum Christophe Mirkes.
D'opus-Häerzstéck kënnt Dir integral an eiser Mediathéik lauschteren, mam Radiosinfonieorchester Prag, ënner den internationale Concerten.