E symphonescht Wierk an deem sech alles em dem Superman säin Universum dréint. Dat war déi grouss Visioun vum amerikanesche Komponist Michael Daugherty.No 6 Joer war aus senger Visioun du Realitéit ginn.
An entstanen ass eng Symphonie mat 5 Sätz, wou all Saz sech em ee vun den Haaptprotagonisten aus de Superman Comics dréint. Fir d’Häerzstéck vun haut huet sech d’Carole Mallinger de fënnefte Saz heirauser méi genau ugekuckt. An dësem Saz liwwert sech de Lex Luthor, als Solo Geiist eng spannend Verfollgungsjuegd mat dem Orchester. An natierlech versicht och d’Police vu Metropolis hei d’Uerdnung erëm hierzestellen.
Lauschtert eran an d’Häerzstéck vun dëser Woch, mam Michael Daugherty a senger Metropolis Symphony.