Dem Ibert säi Flütte-Concerto ass haut e Pilier vum moderne Flütterepertoire. Deemools, bei der Uropféierung, huet en op ee Coup den Niveau vun deem wat bis dohinner vun de Flüttiste verlaangt gouf op eng neie Sphär gehuewen.
D’Kombinatioun vun technescher Brillanz, lyrescher Melodie a verspillter Energie begeeschtert zanterhier souwuel d’Flüttiste wéi och de Publikum a séchert dësem Wierk eng Plaz als eent vun de grousse Meeschterwierker an der Welt vun der klassescher Musek.