Als Häerzstéck vun der Woch stelle mir Iech dem Pjotr Iljitsch Tschaikowksi seng 6. Sinfonie a Si Mineur vir, e Wierk, dat emotional richteg déif geet. Net fir näischt gëtt et och “Pathétique” genannt, ofgeleet vu Pathos. Soumat verweist den Titel op déi déifgräifend Emotiounen an intensiv Leidenschaft, déi an der Musek ausgedréckt ginn.
D’Sinfonie Nr. 6 gëllt als ee vun de ergräifendsten an trauregste Wierker vum Tschaikowksi. Vum éischte bis zum leschten Toun vermëttelt se eng emotional Rees tëschent Melancholie, Eleganz, an Opbrochstëmmung. Mee virun allem den däischteren a rouege Saz zum Schluss, dee vu Lamentatioun a Leed gepräägt ass, bleift laang um Häerz hänken. Duerch dëse leedvolle Schluss, déi emotionale Kontraster an déi duerchdréngend Däischtert ass d’Sinfonie esou aussergewéinlech a faszinéierend. A soumat ass et wuertwiertlech en Häerzstéck.
Méi doriwwer gitt Dir am Gespréich tëschent dem Cindy Reuter an dem Lex Kauffmann gewuer.