Ee verbreete Klischee iwwer de Beethoven ass, datt hien e granzegen, verzweifelten, dafe Genie war, en einsame Kënschtler, dee ganz eleng géint säi Schicksal ugekämpft an dobäi grouss Meeschterwierker komponéiert huet.
Mee net alles a sengem Liewe war schwéier an dat spigelt sech och a senger Musek erëm. Seng 4. Sinfonie komponéiert hie matten a senger heroescher Phas. An awer ass et eng Kompositioun, déi gepräägt ass vu Liewensfreed a Léift. Am Häerzstéck vun dëser Woch schwätzt d'Marie Trussart mam Lex Kaufmann iwwer dem Beethoven seng liicht, monter a souguer witzeg Säit.