Schonn eleng d'Tounaart vum Schubert senger 8. Sinfonie stécht eraus, am Verglach mat all sengen anere Sinfonien: Si mineur. Och d'Stëmmung am Ufank ass éischter düster.
Et schéngt, wéi wann dës Sinfonie vun Ufank un dofir bestëmmt gewiescht wier, fir als besonnescht Wierk an d'Geschicht anzegoen ...