Kuckt ee sech d’Finall vu groussen internationale Geieconcoursen un, da steet ëmmer de Concerto, op.77 bei puer Kandidate mat um Programm. Et ass en technesch erausfuerdernd Wierk, un deem sech vill jonk Geiiste moossen.
Zum Brahms senger Zäit war et offensichtlech enger Rei Geievirtuosen net derwäert, esou vill Aarbecht doran ze stiechen. Deen ee fënnt et wier keng schéi Melodie dran, da seet e bekannten Dirigent de Concerto wier net fir Gei, mee géint d’Gei geschriwwen.
De gudde Frënd vum Brahms a Solist vun der Première, Joseph Joachim, fënnt d’Wierk gutt a mécht fir d’Spillbarkeet ze optiméieren e puer Ännerungsvirschléi.
D’Hannergrondgeschicht vum Concerto weist op jidde Fall, datt och de Brahms, deen ëmmer esou stolz an onzerbriechlech op senge Photoen ausgesäit, net ouni Zweifel gelieft huet.