Romantesch a passionéiert, esou kéint een der franco-brittescher Komponistin Augusta Holmès hire symphoneschen Interlude “La Nuit et l’Amour” beschreiwen.
An och wann d’Wierker vun dëser faszinéierender, selbstsécherer an onheemlech staarker Fra engem grousse Publikum nach ëmmer gänzlech onbekannt sinn, esou konnt hiert Wierk “La Nuit et l’Amour” an de leschte Joren e klenge Comeback feieren. Ënner anerem nodeems et 2024 um Sommernachtskonzert zu Schönbrunn vun de Wiener Philharmoniker ënner der Leedung vum Andris Nelsons opgeféiert ginn ass.
D’Carole Mallinger aus der Opus Redaktioun huet sech dëst Wierk méi genee ugekuckt.