Am Wierk "7 Papillons" fir Solo-Cello vun der finnescher Komponistin Kaija Saariaho (1952–2023) geet et ëm d'Liewe vun engem Päiperlek. A siwe kuerze Sätz iwwerdréit den Cello déi verschidde Facette vum klenge Faarweninsekt op eng ganz interessant Aart a Weis.
D'Kaija Saariaho benotzt dobäi ganz besonnesch Techniken, fir datt den Cello anescht klengt wéi soss. Si léisst de Bou zum Beispill ganz no beim Steeg rutsche fir e metallesche Sound, oder léisst d'Instrument ganz liicht an héich Téin spillen. Esou gëtt d'Flatteren, d'Zerbriechlechkeet an d'Beweegung vum Päiperlek duergestallt: vum éischte "Schlüpfen" aus der Popp, iwwer de Fluch an d'Landen op de Blummen, bis zum leschten, rouegen Abléck, wou d'Musek ganz duuss verschwënnt. E faszinéierend a poetescht Meeschterwierk fir Solo-Cello.