Vill Leit denke nach ëmmer, Fraen, déi komponéieren wieren e modernt Phenomen. Dobäi hu Fraë selbstverständlech schonn ëmmer komponéiert. Weltwäit sinn awer just 7,7 % vun de gespillte Wierker vu Frae komponéiert ginn.
De 25. Januar um 3 Auer mëttes ginn am Centre des arts pluriels Ettelbrück Komponistinnen an de Mëttelpunkt gesat. Den Trio Her Ensemble interpretéiert Wierker vun der Reena Esmail, Amy Beach, Lili Boulanger a Florence Price. D'Musekswëssenschaftlerin Noemi Deitz, déi e Performace-Virtrag virum Concert mécht, erkläert firwat et nach ëmmer néideg ass de Leit ze erklären, datt och Fraë komponéiert hunn.