Een ofwiesslungsräiche Programm a siwe verschidde Flütten: D'Flüttistin Flavia Hirte an d'Pianistin Ezgi Göktürk presentéieren dëse Sonndeg am Stater Conservatoire eng Rees vun der Zäit vum Bach bis an d'Modern.
D'Bauweis vum Instrument an och de Choix vum Material huet de Klang iwwer eng laang Zäit verännert.
Mee virop ass d'Flüttistin och op Besuch am Harmonesche Moien beim Lex Kauffmann. Si gëtt eis duerch eng Live-Performance een Androck dovun, mat wéi enge Mëttelen een zu de verschiddenen Epoche komponéieren a schaffe konnt.
Schalt an, dëse Freideg ab 9h30 am Harmonesche Moien um Opus!