D'Beata Szałwińska lieft an enseignéiert zënter méi wéi 20 Joer am Grand-Duché. Reegelméisseg released si och Albe mat breedem Genren-Interessi; vun Jazz-Transkriptiounen iwwer Tango Nuevo. Hiren neiste Release bréngt mat de Kompositioune vum Karol Szymanowski elo Musek aus der Heemecht.
Dobäi fokusséiert sech de Choix op säin alleréischten Opus, d'9 Préluden, Op. 1.
Wéi kléngt de fréie Szymanowski? Firwat spillt d'Beata Szałwińska nieft de grousse Concertshaiser och ëmmer nees a klengem Kader a wéi fënnt een déi perfekt Balance tëschent klassescher Prezisioun a Genrefräiheet?
D'Beata Szałwińska ass dëse Mëttwoch, de 25.11.2026 um 9h40 eis Live-Invitée am Harmonesche Moien fir doriwwer ze schwätzen.