D'Konzept vum Format "Youth Meets Classic" huet viru 5 Joer mat der Iddi gestart, Conservatoiresschüler eng Bün fir hir Examensstécker ze ginn an déi ze presentéieren. E Samschdeg, de 14. November, stinn de Mika a Max Gieres an de Ruben Raffaele Stanga op der Bün vum Uespelter Schlass. Zesummen interpretéieren si op der Flütt. dem Piano an der Klarinett ee Programm, deen an der éischter Hallschent weiblech Komponistinnen an am zweeten Deel, haiteg Komponisten a Komponistinne kombinéiert.
Am Interview schwätzt de Mika Gieres dovu wéi déi dräi Museker sech kennegeléiert hunn, wéi vollgepak den Alldag als ganz aktive Museksstudent ass a wéi den Numm "Gieres Brothers" entstan ass.