Wann een u Fuesent denkt, dann denkt ee virun allem u Masken a Kostümer, awer vläicht net direkt u klassesch Musek. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg bréngt dës zwou Welten allerdéngs dëse Sonndeg zesummen, mat engem Concert fir déi ganz Famill. Theema ass d’Legend vun de “Fous de Vianden”, also de "Verréckte vu Veianen”. Déi si souguer als Skulpturen zu Veianen op der Place Vic Abens ze fannen. De Valentin Besson, dee beim Orchester fir d’Produktioun an d’kënschtleresch Koordinatioun zoustänneg ass, erzielt, wat et mat der Legend op sech huet.
“Les fous de Vianden” ass e Sonndeg, de 15. November, um 17h00 an der Salle de Musique de Chambre an der Philharmonie ze erliewen. Ticketen an all Detailer fannt dir op ocl.lu. Op der Bün gëtt d'Geschicht erzielt vun der Milla Trausch a begleet mat der Musek vu véier regionale Komponisten. Den OCL gëtt dobäi dirigéiert vum Pavel Baleff.