An dëser neier Episod vu Klassik Talk hëlt d'Cembalistin Anne Galowich eis mat op eng musekalesch Zäitrees zeréck an de Barock. D'Marie Trussart huet si an hirer Clavecinsklass am Stater Conservatoire besicht. D'Pedagogin huet ënner anerem verroden, wat si esou faszinéierend fënnt un der barocker Zäit a firwat sech si selwer éischter als Restauratrice de l'art gesäit. An hirem Klassesall stinn Nobaue vun historeschen Instrumenter: vun engem Virginal aus dem 17. Joerhonnert esou wéi vun dräi Clavecinen aus dem 18. Joerhonnert. D'Anne Galowich erkläert eis d'Ënnerscheeder tëschent deenen Instrumenter a léist eis lauschtere wéi se kléngen. Si erkläert firwat si déi historesch Opféierungspraxis perséinlech esou wichteg fënnt. An dat ouni an de Fanatismus ze schwäifen. Si werft e kritesche Bléck op modern Opname vu barocker Musek an erkläert wéi si ganz fréi verstanen huet, wat si wollt mee et eng Zäitche gedauert huet, bis si hire Wee fonnt hat.
D'Playlist vun der Anne Galowich
- Jan Pieterszoon Sweelinck (1562-1621): Fantasia Chromatica
- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Aria aus: Goldberg Variatiounen, BWV 988 aus dem Album Goldberg's Ghost, United Instruments of Lucilin
- François Couperin (1668-1733): La Milordine aus: Pièces de Claveci, Premier Livre, Premier ordre, interpretéiert vum Davitt Moroney
-
Angus Young, Bon Scott, Malcolm Young: Highway to hell