De Guy Frisch ass Perkussionist, ënnerriicht am Stater Conservatoire an ass ee vun de Grënnungsmembere vum Ensembel fir zäitgenëssesch Musek "United Instruments of Lucilin". Zäitgenëssesch Musek ass net do fir schéin ze kléngen, mee fir eppes auszedrécken, fir Grenzen ze sprengen a fir d'Leit ze iwwerraschen. Mee wou halen eigentlech d’Geräischer op a wou fänkt d’Musek un?
Als Perkussionist an engem Ensembel fir zäitgenëssesch Musek huet de Guy Frisch eng méi breet Definitioun vun deem, wat als Musek gëllt. Mee wéi setzt een sech selwer Grenzen, wann et keng méi ginn?
D'Playlist vum Guy Frisch
- Steve Reich (1936): Drumming
- Brice Pauset (1965): Theorie der Tränen: Louise
- Michel Reis (1982): Suite fir Jazz-Trio an Ensembel
- Pascal Schumacher (1979): God Love Them