De Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners huet en neit Uergelstéck komponéiert. Quadragesima: de laténgesche Begrëff fir d’Faaschtenzäit.
D’Stéck war eng Commande vum St John’s College zu Cambridge an d’Uropféierung war de 16. Mäerz 2026 am Kader vum Concert vum Evensong Choir an der berümmter Kierch vum St John’s College, eng vun deene schéinste gotesche Kierchen a ganz England.
Interpretéiert gouf d’Stéck vum jonken Organist Tingshuo Yang, 2004 a China gebuer a musikalesch zu Lëtzebuerg forméiert. Hien huet am Stater Conservatoire studéiert an ass mat nëmme 15 Joer mat de Lëtzebuerger Philharmoniker opgetrueden. Zur Zäit absolvéiert hie säi Bachelor an der Musek zu Cambridge an ass Assistenzorganist an der St John Church. D’Stéck Quadragesima gouf eng zweete Kéier den 18. Mäerz 2026 an der Kathedral zu Uppsala a Schweden opgefouert.