Kabelen, d'Klimaanlagen oder de Brandschutz. A souguer d'Toiletten ... An der Berliner Philharmonie ass zënter der Ouverture am Joer 1963 net méi vill geschitt a punkto Sanéierung. D'Gebai vum Architekt Hans Scharoun huet ëmmer nees mat Offlossproblemer an net méi zäitgeméissem Material ze kämpfen. Esou staark, datt ee spéitstens ab der Saison 2032/33 net méi feelerfräi an zouverlässeg funktionéiere kéint. Zu där Expertise kommen elo den Orchester an déi Verantwortlech vun enger Etude.
Dofir soll elo eng grondleeënd Sanéierung stattfannen, déi sech aktuelle Recherchen no op 800 Millioune bis souguer knapp 1,15 Milliarden Euro Käschte strecke kéint. Iwwer déi aacht Joer wou dës Sanéierung stattfanne géif, misst een nämlech och eng aner Location bezéien fir de Concertsbetrib um Lafen ze halen.
Hei gëtt ville Sourcen no de fréiere Flughafen Tempelhof genannt, deen als Iwwergangslocation duerhale kéint.
Wéi genau et weider geet a wien fir d'Käschten opkomme soll, do ginn et nach keng final Decisiounen.
Den däitsche Bund kéint ronn 225 Milliounen Euro iwwerhuelen. An och d'Land Berlin kéint 350 Milliounen Euro zousécheren. De rechtleche Budget steet domat awer nach op.
D'Berliner Philharmoniker ënner dem Chefdirigent Kirill Petrenko stinn aktuell also nach viru ville Fragezeichen.