Doud vum Michael Tilson Thomas

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De San Francisco Symphony huet gëschter an engem Communiqué den Doud vum Dirigent Michael Tilson Thomas annoncéiert. No engem aggressiven Tumeur am Gehier, géint deen hien zanter 2021 gekämpft huet, ass den Dirigent mat 81 Joer gestuerwen – an dat doheem, entouréiert vu senger Famill a senge Kolleegen. Trotz senger Krankheet war de Michael Tilson Thomas, och MTT genannt, weiderhin aktiv an der Welt vun der Musek.

Den MTT hat am Alter vun 29 Joer beim San Francisco Symphony ugefaangen a war an deenen 52 Joren, wou hie beim Orchester matgewierkt huet, bei iwwer 1.800 Concerten dobäi. Vun 1995-2020 huet hien den Orchester dirigéiert an huet ënner anerem de Label vum Orchester matgegrënnt. De Label SFS Media huet zanterhier eng Rei u Grammy Awards fir seng Opname gewonnen.

Dem Dirigent säi leschte Concert war am Abrëll 2025, fir säin 80. Gebuertsdag. Um Programm stoungen d'”Feste Romane” vum Respighi, esou wéi “The Young Person’s Guide to the Orchestra” vum Benjamin Britten, e Stéck, dat den Thomas 1995 bei sengem éischte Gala mam Orchester dirigéiert hat.

De Michael Tilson Thomas bleift senge Kolleegen als aussergewéinlechen Artist an Erënnerung, deen en Deel vum Kulturliewen zu San Francisco an als Mënsch immens léif a generéis war.

Wéi 2025 kloer war, datt seng Krankheet onheelbar wier, huet de Michael Tilson Thomas Follgendes gesot: "A 'coda' is a musical element at the end of a composition that brings the whole piece to a conclusion. A coda can vary greatly in length. My life’s coda is generous and rich."

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Doud vum Michael Tilson Thomas

Doud vum Michael Tilson Thomas

Den Dirigent vum San Francisco Symphony Michael Tilson Thomas ass am Alter vun 81 Joer un engem Tumeur am Gehier gestuerwen.
headphones

2 min

play_arrow
13,5 Millioune bis 2030 fir den Zougang zur Kultur ze vereinfachen

13,5 Millioune bis 2030 fir den Zougang zur Kultur ze vereinfachen

Mam neien Aktiounsplang "accès à la culture" vum Kulturminister Eric Thill sollen d'Barriären tëschent Kënschtler:innen a Public ofgeschaaft ginn.
headphones

2 min

play_arrow
Wrestling mat klassescher Musek - een neien Trend? | © Matt Duboff

Wrestling mat klassescher Musek - een neien Trend?

Wrestling a klassesch Musek - een Trend? Spéitstens zënter datt de kanadesche Winnipeg Symphony Orchestra bei engem Wrestling-Event live gespillt huet, ass dat eng berechtegt Fro.
headphones

2 min

play_arrow
De Luis Schmidt - mat 22 Joer schonn Orchesterchef | © Silvan Metzker

De Luis Schmidt - mat 22 Joer schonn Orchesterchef

2024 huet deen däitschen Dirigent Luis Schmidt säin eegenen Orchester gegrënnt.
headphones

2 min

play_arrow
80 Joer Marcel Wengler | © Almeida Carlos/www.lgnm.lu

80 Joer Marcel Wengler

E Komponist an Dirigent mat Fokus op der Lëtzebuerger Musek
headphones

4 min

play_arrow
En Abléck an dem Richard Wagner seng Zäit zu Venedeg | © Pixabay

En Abléck an dem Richard Wagner seng Zäit zu Venedeg

Aus Venedeg kënnt d'Nouvelle, datt de Richard-Wagner-Musée, d'Plaz wou de Komponist de Rescht vu sengem Liewe verbruecht huet, elo an d'offiziellt Musée-Netzwierk agebonne gëtt.
headphones

2 min

play_arrow
Zäitgenëssesch Musek iwwer de Kampf tëschent Luucht an Donkelheet

Zäitgenëssesch Musek iwwer de Kampf tëschent Luucht an Donkelheet

De lettesche Komponist Pēteris Vasks feiert haut säin 80. Gebuertsdag.
headphones

9 min

play_arrow
Virun 200 Joer - Filz beim Piano kënnt an den Asaz | © Pexels

Virun 200 Joer - Filz beim Piano kënnt an den Asaz

De Johann Heinrich Pape verännert mat enger Iddi virun 200 Joer de Klang vun de Pianoen.
headphones

2 min

play_arrow
Händel, Lanner a Boulanger - gestuerwen op engem 14. Abrëll | © Pixabay

Händel, Lanner a Boulanger - gestuerwen op engem 14. Abrëll

Dräi Joerhonnerten, dräi Epochen an dräi grouss Nimm aus der Museksgeschicht: de Georg Friedrich Händel, Josef Lanner an Ernest Boulanger. Ee Réckbléck op d'Wierken
headphones

4 min

play_arrow
150 Joer Bayreuther Festspiller | © Pixabay

150 Joer Bayreuther Festspiller

D'Bayreuther Festspiller gehéieren zu deene prestigiéiste vun der Welt. Dëst Joer feiere si 150. Jubiläum an dat mat enger Première.
headphones

3 min

play_arrow
ONJ in Concert - live um Opus | © Max Mausen

ONJ in Concert - live um Opus

Erlieft de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg dëse Samschdeg um 20 Auer live um Opus!
headphones

9 min

play_arrow
Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra | © Clara Evens

Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra

Den Cellist Benjamin Kruithof huet säin éischte solistesche Concert an England mam Cellosconcerto vum Elgar gefeiert.
headphones

3 min

play_arrow
Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles | © Peter Rigaud

Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles

Vun der Saison 26/27 u wäert déi däitsch Dirigentin Anna Handler fir déi nächst 3 Joer de Programm vum Los Angeles Philharmonic matgestalten an dirigéieren.
headphones

2 min

play_arrow
Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt | © pressphotos/ Kansas City Symohony

Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt

De Kansas City Symphony Orchestra soll een neit Doheem plange mat bis zu 4.600 Plazen.
headphones

1 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

De Lëtzebuerger Chouer Nordvox vum Conservatoire du Nord gewënnt an der Kategorie A1 fir gemëschte Chouer beim Concorso Corale Internazionale zu Riva del Garda an Italien.
headphones

2 min

play_arrow
Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck) | © wikicommons

Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck)

Entstanen ass d'Wierk am Wanter 1838/39, wärend sengem Openthalt op Mallorca.
headphones

9 min

play_arrow
Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken | © Visit Luxembourg

Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken

D'Carole Schimmer war dëse Weekend bei enger Visitt dobäi.
Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren! | © AP Photo/Peter Dejong

Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren!

Am Amsterdamer Concertgebouw kënne Studenten elo wärend Live-Concerte fir Prüfunge léieren. Egal ob mat Kaffi, Laptop oder Blat a Bläistëft
headphones

3 min

play_arrow
Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser | © SF/Neumayr/Leo

Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser

Wéi een déi lescht Woche scho liese konnt, goufen et wuel ëmmer méi Onstëmmegkeeten, Diskussiounen a souguer Streidereien tëscht dem Markus Hinterhäuser an de Festspiller.
headphones

2 min

play_arrow