Et ass schonn eng ganz besonnesch Initiativ vun 12 europäesche Länner; Europasinfonie. Ee Projet dee wéi zu Pandemie-Zäite probéiert, Museker online zesummen ze kréien a Musek maachen ze loossen.
Wéi ë.a d'Neue Musikzeitung a Pizzicato.lu melle, wëll ee Musekerinnen a Museker och ausserhalb vum Concertssall vernetzen an iwwert eng speziell Echtzäit-Technologie zesummen als Unitéit spille loossen. Bedeelegt sinn 12 Orchesteren a Chéier aus ganz Europa, déi jeeweils eng Instrumentegrupp representéieren an esou ee ganzen Orchester bilden. Dat ganzt ënnert der Féierung vun den Dresdner Sinfoniker.
Aktuell ass een dann och op der Sich no Repertoire, 3 Wierker, respektiv och enger eegener Sinfonie, déi Europa och musikalesch representéiere soll. Bis Enn Juli dëst Joer kënne kreativ Käpp hir Iddien eraschécken.
Pro Wierk wat final dann och erausgesicht gëtt, ass ee Präisgeld vu jeeweils 14.000 Euro virgesinn.
Méi Informatioune ginn et ënnert www.europasinfonie.eu