Mam Projet "My Urban Piano Luxembourg" rifft d'Stater Gemeng all Joers Museksfrënn op, hiert Talent mat anere Leit ze deelen. Och dëst Joer stinn dofir duerch déi ganz Stad Piano verdeelt, op deene jiddereen dee Loscht huet, spille kann.
Gläichzäiteg ass et dann och ee kënschtleresche Projet un deem lokal Veräiner, Jugendhaiser oder Schoule bedeelegt sinn, déi di verschidde Pianoe bemolen.
2026 waarde 17 Pianoen an deene verschiddene Quartiere vun der Stad. Méi Infoe ginn et um Site vun der Stad Lëtzebuerg ënnert vdl.lu