Den Adrian Kiedrowski ass ab der Saison 26/27 neien Orchester Manager vun der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern. Dat deelt de Saarlännesche Rundfunk mat.
De Verwaltungsrot vum SR hätt der Propose unanime zougestëmmt.
Den Cellist Adrian Kiedrowski, deen ee Kontrakt fir fënnef Joer ënnerschriwwen huet, léist domat séng Virgängerin Maria Grätzel of, déi an d'Pensioun geet.
Den neien Orchester Manager bréngt een zolitte Bagage un Erfarung mat: D'Dortmunder Philharmoniker, d'Norddäitsch Philharmonie Rostock oder och de Qatar Philharmonic konnten op dem Kiedrowski seng Ënnerstëtzung zielen. Zudeem war hie rezent kënschtleresche Leeder an der Verwaltung vun der Kronberg Academy Stëftung, Orchesterdirekter vum Staatsorchester Frankfurt an Direkter vun der Staatskapelle Halle.