Zënter 2009 stoung den Orchester ënnert der Leedung vum Stardirigent Gustavo Dudamel, deen ab der neier Saison dann um Chefpult vun de New Yorker Philharmoniker stoe wäert.
Interessant ass net just säin erfahrungsräiche Parcours a fréier Statiounen als Dirigent zu Bremen, beim Schweedeschen Radiosinfonieorchester, dem Orchestre de Paris, als Museksdirekter vum Berliner Mahler Kammerorchester an zu Roum oder als Gaaschtdirigent vum London Symphony.
Den Daniel Harding ass nieft sengem Beruff als Dirigent oder ausgebilte Pilot bei Air France an huet vill Erfarung mat Airbus Fligeren, déi de Museker regelméisseg flitt.