Haut huet d'Mezzosopranistin Cecilia Bartoli Gebuertsdag. D'Operesängerin, déi weltwäit berüümt ass fir hir virtuos Stëmm an hir faszinéierend Bünepresenz, gouf de 4. Juni 1966 gebuer, si gëtt haut also 60 Joer al.
D’Cecilia Bartoli ass an enger Musekerfamill opgewuess, hir béid Eltere waren am Chouer vum Teatro Dell'Opera di Roma. Si geckst ëmmer, dowéinst wieren hir Babysitter eigentlech de Verdi an de Rossini gewiescht. D'Sangen huet si vun hirer Mamm geléiert, anscheinend awer relativ spéit, well si mat 13 léiwer Flamenco gedanzt huet. Hir Eltere krute si awer iwwerriet an de Conservatoire ze goen an eng musikalesch Ausbildung unzefänken. Do huet d'Cecilia Bartoli Trompett a Piano studéiert an un hirer Stëmmtechnik geschafft. Hir Mamm war awer hiren eenzege Gesangscoach.
Enn vun den Achtzegerjore gouf d'Sängerin an enger Tëleesemissioun entdeckt, wou si zesumme mam Bariton Leo Nucci gesongen huet. Esou koum si fir d'éischt an d'Ëffentlechkeet a kuerz duerno gouf si zu Paräis agelueden, fir bei enger Homage un d’Maria Callas matzewierken. Doduerch gouf ënner anerem den Herbert von Karajan op si opmierksam. De Rescht ass Geschicht. Haut ass d'Cecilia Bartoli eng vun deene bekanntsten an am meeschte respektéiertsten Operesängerinnen op der Welt. Mir wënschen alles Guddes fir de Gebuertsdag!