Den 9. Juni 1865 kënnt de Carl Nielsen op der dänescher Insel Fyn op d'Welt. Haut gëllt hien als de bekanntsten dänesche Komponist an huet dat fréit 20. Joerhonnert a virun allem déi skandinavesch Klassik immens gepräägt. Hie gëtt an einfache Verhältnisser op enger Insel grouss, säi Papp war Moler an huet an der Duerfmusek gespillt.
Schonn als Kand léiert de Carl Nielsen Gei mat sengem Papp, mat nëmmen 8 Joer. Dobäi léiert hien nach Trompett a well hien esou begaabt ass, kritt hie mat 14 schonn eng Plaz am Militärorchester zu Odense a spéider eng Plaz am Kinnekleche Conservatoire zu Kopenhagen, wou hien als Haaptfach Gei léiert a studéiert mat Meeschtere wéi dem Niels Wilhelm Gade oder och dem Johan Peter Emilius Harmann.
Den éischten Erfolleg feiert hie 1888 mat senger Klenger Suitt fir Gei. Hie kritt dunn eng Plaz am Orchester vum Kinneklechen Theater Kopenhagen a souguer eng Bourse fir an Däitschland ze studéieren. Kuerz duerno komponéiert hie seng 1. Sinfonie, allerdéngs dauert et nach 20 Joer bis him endlech mat senger 3. Sinfonie den internationalen Duerchbroch geléngt.
Vun deem Moment u gouf hien zu enger zentraler Figur am europäesche Museksliewen. Hie war zum Beispill 1920 beim grousse Mahler-Festival zu Amsterdam, wou hien ënner anerem nieft dem Arnold Schönberg, der Nadia Boulanger oder och dem Arthur Schnabel stoung.
Hie war a sengem Land Dänemark esou beléift, datt hien do schonn zu Liefzäiten als Nationalheld gefeiert gouf. A säi 60. Gebuertsdag gouf am ganze Land gefeiert. De Carl Nielsen stierft den 3. Oktober 1931 un Häerzversoen, an dat am Alter vun 73 Joer.