Et ass elo offiziell: de Serge Bausch gëtt neien Direkter vum Stater Conservatoire. Dat huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer dem Luxemburger Wort bestätegt. Domat gëtt hien den Nofollger vum Marc Meyers, dee leschten Dezember ugekënnegt hat, fir den 1. September 2026 säi Posten opzeginn.
Mam Serge Bausch hätt een en Nofollger fonnt, deen d’Haus ganz gutt kennt, esou d’Lydie Polfer. An et hätt een dës Entscheedung och mat der Zoustëmmung vun der Oppositioun geholl.
De Serge Bausch huet e laange Parcours am Stater Conservatoire hanner sech: hie war Pianosproff, duerno Responsabel fir d’Theoriesfächer an elo ënner dem Marc Meyers war hie Sous-Direkter.