Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek wann et ëm d’Musekförderung geet, am beschte wech.
Kuckt een sech d’Stied Basel, Bern, Genf. Lausanne, Lugano an Zürech no aktuelle Recherchen un, esou fält op: d’klassesch Musek ass vun alle Genren dat, wat dee meeschten ëffentleche Budget zur Verfügung gestallt kritt. Dat geet aus den neisten Zuele vun der Initiativ “Musikvielfalt” ervir.
Ënnerdeelt huet ee fir dës Recherche d’Musek a verschidde Genren, wéi “Klassesch Musek” oder “Aktuell Musek”.
An obwuel den Zuelen aus dem Joer 2024 no, 34,3% vun de Befroten uginn hu Pop, Rock, Metal oder Punk Concerte besicht ze hunn an 19,8% Klassik oder Oper, schwätzen d’Zuelen a Punkto Musekfërderung eng ganz aner Sprooch.
Iwwerraschend sinn dës Zuelen a punkto Budgetsverdeelung wuel net, wann een de Schwäizer Medien no sech orientéiert. Vill méi wieren déi deelweis enorm Differenzen tëscht verschiddene Stied impressionant. Fir dës Etüd gouf de Budget nämlech pro Kapp gerechent. An dobäi packt eng Staat wéi Lugano et op 91 Schwäizer Franke fir d’Klassik. Am Verglach dozou Genf mat 321,4 Schwäizer Franken.
Och géif ee constatéieren, dass ee Groussdeel vun de Gelder iwwer laang Zäit scho festgeluecht wieren. Dovu géifen zwar déi etabléiert Haiser oder Locations a Veranstalter profitéieren. Nei ausgeschaffte Projete kéimen deemno awer ze kuerz.
Fir Diskussioun dierft dës Recherche op allefalls an de nächste Méint suergen. Wuel och bei de kommende Budgetsverhandlungen.
Déi ganz Recherche fannt dir ënnert www.musikvielfalt.ch