Den 11. Januar 2017 war de grousse Startschoss vun der Hamburger Elbphilharmonie.
Déi geplangten Ouverture fir 2010, déi du siwe Joer méi spéit war, oder déi enorm héich an net geplangte Rechnung vu ronn 800 Milliounen Euro fir de Bau schéngen no bal 10 Joer vergiess ze sinn.
Elo steet den 10. Anniversaire grouss am Fokus. An dofir hëlt sech d’Elbphilharmonie dräi bekannten Influencer mat an d’Boot. Fir déi international beléiften “Creator in Residence”-Campagne vun der Elbphilharmonie schafft een an der neier Saison mat der Influencerin a Pianistin Clare Yeo aus Singapur, der New Yorker DJ a Radiosanimatrice Lovie wéi och dem kanadeschen Tiktoker a Creator Rickie Ho zesummen.
Si sollen de Publikum ob eng “digital Entdeckungsrees” mathuelen an hir eegen Andréck a Perspektiv vun der Elbphilharmonie weisen, esou d’Elbphilharmonie Hamburg an engem Presseschreiwes.
D’Iddi geet op d’Saison 23/24 zeréck, wou d’Elbphilharmonie dëse “Creator in Residence”-Projet an d’Liewe geruff huet. Zënterhier sinn och aner grouss international Haiser op dësen Zuch opgespronge mat Online-Creatore fir Projeten zesummen ze schaffen, rezent dann och d’Philharmonie Lëtzebuerg.