Aus 27 verschiddene Länner kommen all Joers Museker:innen zesummen, fir am European Union Youth Orchestra eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen.
Den EUYO ass dann och schonn e puer Wochen amgaangen, nei Talenter fir säin Orchester ze rekrutéieren. Och zu Lëtzebuerg!
Nach just haut, den 30. Oktober 2026, huet een d’Méiglechkeet sech unzemellen a fir eng Auditioun virspillen ze goen. An de Pool un Interesséierten ass grouss: All Joers mellen sech bis zu 5.000 Museker:innen fir eng 100 ausgeschriwwe Plazen am Orchester.
D'Auditioun selwer ass den 20. November 2026 am Conservatoire du Nord. A wann dir nach spontan Loscht hutt Iech anzeschreiwen, dann heescht et séier sinn. Ënner www.euyo.eu fënnt een dann och de ganzen Detail zu der Umeldung.
Bei eis an der Mediathéik fënnt een ausserdeem een Interview mam Joé Haas, Responsabele beim Lëtzebuerger Kulturministère fir d’kënschtleresch Fërderung an och am Conseil d’administration vum EUYO vertrueden.