Um Romain Nosbaum sengem neien Album dréit sech alles ëm Transkriptiounen. All Stéck vun dësem Album gouf original fir en anert Instrument oder esouguer fir Orchester geschriwwen an nodréiglech fir Piano ëmgeschriwwen. Vu Bach iwwer Tchaikovsky bis zu Piazzola oder Gerschwin ass e bësse vun allem dobäi. An obwuel de Programm quasi eng Kéier queesch duerch déi klassesch Museksgeschicht geet, klengt alles vun Ufank bis Schluss wéi aus engem Goss, an dësen Album iwwerzeegt duerch dem Romain Nosbaum säi kloren a waarme Klang. An et sinn esouguer grad déi vill verschidden Epochen a Stiler, déi op dësem Album zesummentreffen, déi dozou bäidroen, datt den Nolauschterer vun enger Iwwerraschung bei déi aner gedroe gëtt.
Transkriptiounen ze maachen ass awer näischt Neies a war schonn am Barock-Zäitalter eng ganz gängeg Praxis. Zu där Zäit gouf keng wäertend Differenzéierung tëschent Originalstécker oder Transkriptioune gemaach. D’Transkriptioune selwer goufen och dacks vu grousse Komponisten oder Interprete geschriwwen. Esou sinn zum Beispill d’Prelude a Fugue vum Bach op dësem Album an enger Transkriptioun vum Liszt ze héieren an dës Versioun vum Marcello sengem Hautbois Concerto gouf vum Bach ëmgeschriwwen.
D’Fro, déi de Romain Nosbaum stellt: “For Piano...or not?”, ass am Fong eng Affirmatioun. Wann d’Stécker, déi hie fir dësen Album erausgesicht huet, net esou immens bekannt wieren, géif ee sech déi Fro warscheinlech mol guer net stellen, well de Romain Nosbaum esou iwwerzeegend a senger Interpretatioun ass. Obwuel een d’Äntwert scho kennt, nämlech nee, déi Stécker goufen am Fong am Original net fir de Piano geschriwwen, esou kéint een tentéiert si sech déi Fro awer déi eng oder aner Kéier ze stellen, well et eeben esou iwwerzeegend no Pianosmusek kléngt.