De Gustavo Gimeno huet den 23.Mee säi leschte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert. Am leschte groussen 100,7-Interview gëtt de spueneschen Dirigent ganz perséinlech Ablécker a säi Joerzéngt mam Orchester. De Christophe Mirkes huet sech an dësem Resonanzen-Spezial Format eng Stonn Zäit geholl, fir mam Gustavo Gimeno iwwer déi schéinste Momenter ze schwätzen a fir duerch erausgesichte Museke grouss Momenter opliewen ze loossen...
Weider Detailer mat der Playlëscht vun der Musek fannt Dir op www.opus.radio