1.200 Kannerstëmmen
Wéi kritt ee méi wéi Dausend Kanner dozou zesummen ze sangen? Op déi Fro huet d'Martina Maenichetti méi wéi eng Äntwert. Si ass Musekerin a schafft schonn zanter Joren als Pädagogin an der Philharmonie a gëtt hir Passioun fir d'Musek dagdeeglech un déi méi Jonk weider.
Bei hirem neiste Projet Lëtz Sang hu sech 1.200 Kanner am grousse Sall an der Philharmonie getraff, fir zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Sängerin Tali ze sangen. Wéi dat Ganzt verlaf ass, wat dee gréisste Challenge war, an ob esou änlech Eventer scho fir d'Zukunft geplangt sinn, alles dat verréit d'Martina Menichetti am Gespréich mam Marie Schockmel.
Nei Saison vum CAPE
De CAPE, de Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, huet de Programm fir d'Saison 25-26 virgestallt. An déi start mat enger neier visueller Identitéit, déi deen iwwerschaffte Fokus illustréiere soll. Am Mëttelpunkt soll vun elo un d'Communautéit esou wéi eng méi partizipativ Approche stoen. Dofir ginn niewent der gewinnter Offer nach Workshoppen an interaktiv Projeten ugebueden, déi d'Verbindung an den Dialog mat de lokale Gemeinschafte stäerke sollen. Eng offen, partizipativ a faarweg Visioun fir de 25. Jubiläum vum Kulturhaus ze feieren.
Studéieren an zesumme sangen!
De Chouer vun der uni.lu organiséiert e Concert de 6. Juli an der Mäerteskierch zu Diddeleng. An deem Kader kollaboréiert den uni.lu Chouer mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Am Ganze wäerte méi wéi 100 Stëmmen zesumme sangen, zesumme mam Orchester Con Nov’arco.
Um Programm steet A capella Musek an och zesumme mat Orchester. "Northern Delights" ass de Motto vum Concert, an dofir gëtt et Musek vu Komponisten, déi aus dem Norde kommen, ënner anerem vum Karl Jenkins, Ola Gjeilo an Edvard Grieg.
Den Entrée ass fräi, eng Donatioun ass erwënscht. Den Thomas Gareau, Dirigent a musikaleschen Direkter vum uni.lu Chouer, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.