Chouermusek fir den Trounwiessel a nei Zuelen bei den Abandonen

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1) Musek fir den Trounwiessel gesicht

Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober 2025 sicht d'Maîtrise mat engem Concours eng Motett zu "Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum". De Concours gouf zesumme mam Kulturministère initiéiert. De Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise, huet eis am Interview méi iwwer dës Ausschreiwung verzielt.


2) Nei Zuele vun Abandonen a Musekschoulen zu Lëtzebuerg

5 Prozent Abandone géingen de Conservatoire du Nord ronn eng hallef Millioun Euro kaschten. D’Gesetz vun 2022 huet d’Gratuitéit vu ville Musekscourse fir Schüler:innen ënner 18 Joer erméiglecht. Wéi et am Communiqué vun der Chamberkommissioun fir Educatioun heescht, briechen zanterhier “tëschent 2,5 an 10 % vun de Schüler, jee no Schoul oder Conservatoire, de Cours am lafende Schouljoer of”.

Den opus 100,7 hat doropshi bei den zwee anere Conservatoiren a bei der UGDA-Museksschoul, där gréisster Museksschoul am Land, nogefrot, wéi d'Situatioun bei hinnen ass. Dës Woch krute mir och d’Méiglechkeet mam Direkter vum Stater Conservatoire, dem Marc Meyers, iwwer d’Evaluatioun vum Gesetz ze schwätzen.


3) Instrumenter aus Recup'

Am Kader vun der LUGA konnt een déi ganz Woch bei engem Instrumentebauatelier matmaachen. An zwar mat diversen Objeten, déi aus de Poubellë kommen. D'Marie Trussart huet de sougenannte Luthier sauvage Benoit Poulain, esou wéi de Kënschter Jorge De Moura vum Collectif du grain à moudre am Stater Park besicht an ënner anerem erausfonnt, wéi een aus engem PVC-Rouer eng Flütt baut a wat eigentlech eng Waasserflütt ass.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Silent Musicians an e Festival mat 100 % Uergel

Silent Musicians an e Festival mat 100 % Uergel

D'Marie Schockmel hëlt Iech mat op eng musikalesch Rees a gëtt iech en Iwwerbléck vun den aktuellen Highlights aus der klassescher Musekszeen.
headphones

60 min

play_arrow
Piano, Chouer a Klacken

Piano, Chouer a Klacken

De Jean Muller um MoselMusikFestival, en inklusive Queer Choir fir jiddereen, Les Balldes du Carillon zu Iechternach
headphones

60 min

play_arrow
Chouermusek fir den Trounwiessel a nei Zuelen bei den Abandonen

Chouermusek fir den Trounwiessel a nei Zuelen bei den Abandonen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
100 Joer griichesch Legend

100 Joer griichesch Legend

100 Joer Mikis Theodorakis, Panflütt an impressionistesch Téin a firwat vill Musekscoursen an de Musekschoulen a Conservatoiren hei am Land ofgebrach ginn.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Cor mam Fouss gespillt, Theodorakis a Bach mat groussen Anniversairë gefeiert, en Album ausschliisslech mat Mozart
headphones

60 min

play_arrow
Éiner Wënzerdag // Stephany Ortega Trio // Hanner den Téin

Éiner Wënzerdag // Stephany Ortega Trio // Hanner den Téin

D'Marie Trussart begleet Iech mat den Highlighten aus den Aktualitéite vun der klassescher Musek.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Jonk Lëtzebuerger bei internationale Concoursen / Glenn Gould: Seng legendär Goldberg-Variatiounen / The Horn Concertos
headphones

60 min

play_arrow
Zesummen am Chouer sangen a mat engem neie Visuell de Public erreechen

Zesummen am Chouer sangen a mat engem neie Visuell de Public erreechen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng Rees an déi ëstlech Länner an de Festival Alter Musik

Eng Rees an déi ëstlech Länner an de Festival Alter Musik

D'Pianistin Sabine Weyer an den Cellist Dimitri Maslennikov iwwer hiren neisten Album an de Rosch Mirkes iwwer de Festival Alter Musik
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Musek am Atertdall, am Käercher Gréiweschlass an en Album mat engem mysteriéisen Titel.
headphones

60 min

play_arrow
Musikalesch Treffen, nei Albumen an hanner de Kulisse vun der Uergel

Musikalesch Treffen, nei Albumen an hanner de Kulisse vun der Uergel

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
D'Woch vun den Anniversairen

D'Woch vun den Anniversairen

De Lex Kauffmann begleet Iech op Mammendag mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
"Glass Two" zu Klierf an en neit Buch vum Alain Steffen

"Glass Two" zu Klierf an en neit Buch vum Alain Steffen

Haut (1.6.) um 5 gëtt et ee Concert zu Klierf an der Loretto-Kapell mam Motto "Glass Two" mam Vibraphonist Pascal Schumacher an der Pianistin Danae Dörken. Déi selwecht Zäit trieden och dräi Chéier op zu Wuermer an der Kierch, mat der “Johannespassioun” v
headphones

60 min

play_arrow
Gustavo Gimeno: Souveniren an Emotiounen

Gustavo Gimeno: Souveniren an Emotiounen

An engem groussen 100,7-Interview gëtt de Gustavo Gimeno ganz perséinlech Ablécker a säi Joerzéngt mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Den OCL kuckt zréck op 50 Joer Orchestergeschicht, de neien Album vum vum Bernhard Hofstötter mat alen Instrumenter an zwee Chéier, zwou Historien an zwee Jubiläen.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen - Nei Saisonen an der Philharmonie a bei den SEL

Resonanzen - Nei Saisonen an der Philharmonie a bei den SEL

D'Programmer fir déi nei Saison 2025/26 vun der Philharmonie an och vun de Solistes Européens, Luxembourg, e Kammermuseksconcert am CAPE zu Ettelbréck an eise Klassik-Album vun der
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Gittarefestival zu Lëtzebuerg an italieenesch Musek
headphones

60 min

play_arrow
Musique Plus // Quatuor Louvigny // Joseph Moog

Musique Plus // Quatuor Louvigny // Joseph Moog

Een interaktive Projet, Musek aus der Belle Epoque an de Quatuor Louvigny an der Philharmonie.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Musek fir Ouschteren, dräi grouss Evenementer, en neien Disk vun engem Lëtzebuerger Komponist an de Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
De Lëtzebuerger Bouwechouer a Japan, nei Musek an d'Klarinett am Vierdergrond

De Lëtzebuerger Bouwechouer a Japan, nei Musek an d'Klarinett am Vierdergrond

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow