Resonanzen
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025
60 min

- Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um radio an opus 100,7
D’Lëtzebuerger Philharmoniker fänken dat neit Joer lëschteg un, mam Richard Strauss senger Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”. Do dernieft stinn awer och Bonbonen, wéi dem Edward Grieg seng “Morgenstimmung” oder dem Johann Strauss (Sohn) seng weltbekannt Walz “An der schönen blauen Donau”. De Rendez-vous fir dës Live-Iwwerdroung ass den 8.1. um 19:30 Auer.
- Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024
Och 2024 war ee produktiivt Joer, wat d'klassesch Musek ubelaangt.
Net nëmmen hu mir an eisem Programm 14 verschidde Produktioune virgestallt, mee och gouf mat Luxembourg Classics een neie Label gegrënnt, dee vun Ufank un nei Albume lancéiert huet. Mee wéi eng Produktioune konnten eis Klassik-Ekipp esou begeeschteren, datt se et als perséinleche Coup-de-coeur gepackt hunn?
- Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier
An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir méi modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun där enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.
- RMVA 2025 - Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
De Rosch Mirkes ass zanter hirer Grënnung am Joer 2001 Directeur artistique vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Ee Festival vu Januar bis Abrëll, dee sech der Aler Musek ugeholl huet a bei ville Leit aus der Klassikzeen Uklang fënnt. Hei trieden ausschliisslech international Kënschtler:innen op. Den Undrang bei de Museker:innen jiddefalls ass grouss, mee wéi gesäit et beim Public aus? Wéi grouss sinn d'Ännerunge vum Festival iwwer zwee Joerzéngten? Zitt déi Al Musek weiderhin zu Lëtzebuerg oder hëlt dee Genre u Public a Popularitéit zu Lëtzebuerg of? Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mam Rosch Mirkes am Gespréich ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden

Resonanzen
2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen
D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen
De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet
D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025
Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck
An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis
Resonanzen mam Lex Kauffmann

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch
D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe
D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.

Resonanzen
De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent
E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist
E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin
E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch

Resonanzen
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek
D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg

Resonanzen mam Christophe Mirkes
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.


Resonanzen
Resonanzen op Pappendag

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?
Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
- 1
- 2