1) Mel Bonis - ee Pseudonym mat ville Facetten
- D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech well eng Rëtsch Joren der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet.
2) Pianosduell tëschent Klassik an Jazz
- Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay. Déi zwee Museker Jean-François Zygel a Paul Lay sinn an zwou verschiddene Museksrichtunge verwuerzelt - Eemol an der Klassik, eemol am Jazz. Wat si verbënnt: D'Talent op der Bün ze improviséieren. Bei engem gemeinsame Concert dëse Sonndeg, den 2. Mäerz 2025 an der Philharmonie, trieden si an engem Pianosduell géinteneen un.
Mee wéi geet Improvisatioun um Piano, an ass dës Iddi vum Pianosduell nei? Doriwwer schwätzt de Pianist Jean-François Zygel mam Marie Trussart aus der Opus-Ekipp.
3) “Por los Montes de Coñares” - Eise Klassik Album vun der Woch
- Well Spuenien un der europäescher Peripherie läit, geréit et heiansdo aus dem Fokus vun der Museksgeschicht mat hire groussen Zentere Paräis, Wien a London. Et gëtt alt emol iwwersinn, datt och Madrid eng Plaz ass, wou Museksgeschicht geschriwwe gouf, ënner anerem an der Renaissance. Net fir näischt gëtt dës Period och "Gëllen Zäit" genannt. Déi zwee Ensembelen Amystis a La Chimera Consort huelen eis op hirem aktuellen Album mat an dës Gëllen Zäit vun der spuenescher Musek.
Iwwer dës Produktioun ënnerhält sech de Lex Kauffmann mam Guy Engels.