Radioen

On air

Notturno  |  Johann Gottlieb Goldberg - Concerto fir Cembalo a Mi bémol Majeur - Alina Ratkowska (Cembalo & Dir.) Goldberg Baroque Ensemble

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

opus / Resonanzen

/ Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1. D'Kinnigin aus der Loft




Déi historesch Figur Amelia Earhart erwächt an enger neier Oper vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic zum Liewen.


Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwert den Atlantik geflunn.


D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel "United instruments of Lucilin". D'Opféierung war den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad.


2. Harp in Harmony




D'Catherine Beynon weist déi verschidde Facettë vun hirem Instrument.


D’Harf ass e ganz doucet, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d’Musek eng verdreemt Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d’Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facette vun hirem Instrument ze weisen, ass d’Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgetrueden, dat mat anere Membere vum Orchester. E Programm ronderëm den Titel Harp in Harmony. De Luc Boentges huet mat der Solistin iwwer d’Harf an d’Affiche vun dësem Concert apéritif geschwat.


3. Perspectives concertantes - Eise Klassik Album vun der Woch




D'Harfenistin Anaëlle Tourret huet d'Concertoe vum Reinhold Glière an Ernst von Dohnányi mat zwee verschidden Orchesteren opgeholl. 


Hiren Album "Perspectives concertantes" bitt direkt zwee Concertoen un: ee grousst Wierk aus dem Standardrepertoire (de Concerto vum Reinhold Glière) an eng Entdeckung (de Concertino vum Ernst von Dohnányi. Des Wierker si gekoppelt mat der Danse sacrée a profane vum Debussy.


4. "Auch der ganze Tag ist mein life"




D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Juli 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen am Wiener Theater an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wouraus d'Aarbecht vun enger Directrice artistique besteet an iwwerhaapt: wéi et hir geet.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

Eng nei Lëtzebuerger Oper, ee Gebuertsdagskand an d'Harf am Fokus

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

Improvisatioun, verstoppten Identitéit an eise Coup de coeur

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.
headphones

60 min

play_arrow
Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.
headphones

60 min

play_arrow
Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.
headphones

60 min

play_arrow
E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.
headphones

60 min

play_arrow
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.
headphones

60 min

play_arrow
Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Resonanzen mam Lex Kauffmann
headphones

60 min

play_arrow
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik
headphones

60 min

play_arrow
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg
headphones

60 min

play_arrow