De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl. Elo gouf d'Musek vun der Mathilde Kralik von Meyrswalden vun him erëmentdeckt. Si war eng Schülerin vum Anton Bruckner a Klassekomerodin vum Gustav Mahler am Wiener Conservatoire. Si ass och déi eenzeg Schülerin vum Bruckner, déi et gepackt huet eng professionell Karriär an der Musek ze maachen.
Klassik Album vun der Woch
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart