"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Musekerin mat Läif a Séil

D'Pianistin Khatia Buniatishvili spillt zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

A Cape'lla

De Festival ronderëm d'Stëmm geet a seng zweet Editioun.

Saarbrécker Staatstheater: Der Sturm

Soirée am Staatstheater mat Prowebesuch vun der Oper vum Schwäizer Komponist Frank Martin

Lunch Concert: La Mer mam OPL

De Claude Debussy huet verschidden Elementer vum Mier a flotten impressionisteschen Tableaue musikalesch beschriwwen: muer, 16.1.2018, an der Philharmonie um 12:30

International Classical Music Awards

Fir dräi Deeg kommen d'Membere vun den ICMA fir hir Assemblée générale op Lëtzebuerg.

Op der Halschent

De Schubert-Zyklus vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

Zwee Gebuertsdeeg an eng nei Saison

Zéng Joer Trifolion, 50 Joer Iechternacher Museksschoul an de Programm fir déi éischt Halschent vun 2018

Bilan a Perspektiven

De Roby Steinmetzer ass neie President vun der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs.

Eng aussergewéinlech Saison

Am Gespréich mam Perkussionist Christophe Sietzen
Eng Raritéit

Eng Raritéit

"Djamileh" vum Georges Bizet, d'Klassik-CD vun der Woch vun der Museksredaktioun

Jonk Schüler an engem ale Schlass

Schüler aus de Pianosklassen vum Conservatoire du Nord trieden zu Veianen am Schlass op

Vu virtuos bis ganz virtuos

De Frank Peter Zimmermann trëtt mat Wierker vum Robert Schumann a Paul Hindemith an der Philharmonie op.

The Four Seasons

Neijoerschconcert am CAPE Ettelbréck, Donneschdeg, 11te Januar um Aacht Auer.

Cellistin a Pianist vu Weltklass

D'Sol Gabetta an de Bertrand Chamayou an der Philharmonie

American Soul

Den Duo Rosa preparéiert eng nei CD-Produktioun.

Den Neijoerschconcert vum Luxembourg Wind Orchestra

Den zweeten Optrëtt vum jonken Ensembel ronderëm den Dirigent Philippe Noesen

Concert de l'épiphanie - 6.1.2018

An der protestantescher Kierch, als Undenken un dräi verstuerwe Lëtzebuergesch Museker.

En Neijoerschconcert Wiener Art

Den Euro Symphonic Orchestra ass fir déi 24. Kéier mat engem Strauss-Programm op Tournée.

Den Un4gettable Clarinet Quartet

Neijoerschconcert fir Kanner am Escher Conservatoire (7.1.2018)

Ee Joer Elbphilharmonie

Zuelen, Kannerkrankheeten an eng Meenung, déi sech gedréint huet