"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Vun der Musekervertriedung zum Fërderveräin

D'Amis de l'Orchestre Philharmonique du Luxembourg feieren hiren 30. Anniversaire.

Fliegende Holländer zu Tréier

Am Kader vun den 30 Joer vum "Richard Wagner Verband Trier - Luxemburg".

Encores

De Pianist Romain Nosbaum iwwert seng nei CD

"Et ass wéi Kino ouni Biller"

Den Orchestre National de Lorraine spillt dem Schostakowitsch seng 11. Sinfonie.

Vun der Postkaart bis bei den Owesprogramm

Wéi d'Publikatiounen vun der Philharmonie entstinn.

The Reed Players

Fënnef Museker an hir Faszinatioun fir Barockmusek

Fit fir d'Rentrée

Wéi d'Philharmonie sech op déi nei Saison virbereed.

Den Isang Yun

De koreanesche Museker ass de Komponist vum Mount September um radio 100,7.
Ee Monument vun der Pianosliteratur

Ee Monument vun der Pianosliteratur

De Jean Muller huet d'Goldberg-Variatiounen opgeholl.

Sibelius, Saarbrécken, Sauna

De Pietari Inkinen, den neie Chefdirigent vun der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern

E Concours a Concerten

D'Saison 2017/2018 vum Diddelénger Uergelfestival

Guillaume Tell zu Saarbrécken

Dem Rossini seng Oper huet dëse Sonndeg (10.9.2017) Première am Staatstheater.

Eng Welturopféierung live aus der Congresshalle zu Saarbrécken

De radio 100,7 iwwerdréit déi éischt Matinée vun der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern vun der Saison 2017/18.

Picknicken an der Royal Opera a Komponéiere just duerch Gedanken

Neiegkeeten aus der Welt vun der klassescher Musek.

Portraits de femmes

Eng Sopranistin probéiert e Pianist dovunner z'iwwerzeegen, datt d'Fraen net esou schlecht si, wéi hie mengt.

Eng Kurt-Masur-Plaz an e Musée fir de Franco Zeffirelli

Debussy a Szymanowski

De 15. September kënnt déi nei CD vun der Pianistin Cathy Krier eraus.

D'Finaliste sti fest

Beim ARD Musikwettbewerb konnte sech dräi Geiisten duerchsetzen.

Oper a Popcorn

Oper am Kino, live aus der Metropolitan Opera zu New York, huet zënter 12 Joer vill Erfolleg.

De Gewënner vum Busoni-Concours steet fest

Den Ivan Krpan konnt de Jury mat senger Interpretatioun vum Ludwig van Beethoven sengem 5. Pianosconcerto iwwerzeegen.